[{WikipediaArticle oldid='256502878'}]

%%information
%%(font-size: 80%;)
!!!License Information of Images on page
||Image Description||Credit||Artist||License Name||File
| D' Journée de la commémoration nationale erënnert un d'Lutte vum Lëtzebuerger Vollek géint d'Nazi-Okkupatioun am Zweete Weltkrich . D'Commemoratioun ass am Oktober, um Sonnden deen am nooste beim 10. Oktober läit. Se erënnert domat un den Echec vun der Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941. Feierlechkeete ginn a ville Gemengen ofgehal, an der Stad Lëtzebuerg sinn et der gläich dräi: Beim Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit um Kanounenhiwwel , bei der Gëlle Fra op der Constitutiounsplaz a beim Hinzerter Kräiz um Nikloskierfecht . Um Kanounenhiwwel huet de Grand-duc den 9. Oktober 2016 e Kranz néierleeë gelooss an d'Erënnerungsflam vrum Monument raniméiert. No der Heemecht huet hien zesumme mam Chamberpresident , dem Premier an der Stater Buergermeeschtesch d'Monument besicht. Mat der Begréissung vun de Fändeldréier, de Vertrieder vun de patrioteschen Organisatiounen a vun den Holocaust-Affer, den auslänneschen Ambassadeuren, den Autoritéite vu Staat a Gesellschaft an och de Studente vum Stater Kolléisch an der Universitéit goung d'Zeremonie hei zu Enn. Den éisträicheschen Ambassadeur Gregor Schusterschitz.| Eigenes Werk| Jwh| | Datei:Journée de la commémoration nationale 2016, Gregor Schusterschitz-101.jpg
%%
%%